BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
METHOD:PUBLISH
CALSCALE:GREGORIAN
PRODID:-//WordPress - MECv7.14.1.1780188906//EN
X-ORIGINAL-URL:https://biwer.lu/
X-WR-CALNAME:Biwer
X-WR-CALDESC:
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
X-MS-OLK-FORCEINSPECTOROPEN:TRUE
BEGIN:VEVENT
CLASS:PUBLIC
UID:MEC-9c677bd9ead4ea4926c59a7d0467881d@biwer.lu
DTSTART:20250621T150000Z
DTEND:20250621T160000Z
DTSTAMP:20250606T142600Z
CREATED:20250606
LAST-MODIFIED:20250606
PRIORITY:5
SEQUENCE:4
TRANSP:OPAQUE
SUMMARY:Kultur am Gaart
DESCRIPTION:De Josy Braun (1938-2012) war e bekannte lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.\nOpgewuess ass hien zu Wecker a Biwer, seng Kandheetserënnerungen huet hie méifach a sengem literaresche Wierk verschafft.  Hien huet virun allem op Lëtzebuergesch geschriwwen a war a ville Genren doheem. Nieft senger Prosa a Lyrik huet hien och Theaterstécker a Cabaret geschriwwen. Seng Wierker zeechnen sech dacks duerch eng gesellschaftskritesch Perspektiv aus an thematiséieren d’Géigesätz vu Stad a Land, déi hie selwer esou staark erlieft huet.\nKultur am Gaart wëll Iech selektionéiert Wierker vum Josy Braun méi no bréngen an him eng méi grouss Plaz am kulturelle Gediechtnes vun eiser Gemeng sécheren.\nFir Kanner:\nD’Dany Gales, Auteurin an Illustratorin vu Kannerbicher wéi De klenge Villchen an dat déckt Hong (Kannerbuchpräis 2004), Blaukatz und Goldfisch, Bullkirull, Kolja a Galina, wa Kuebe reesen, Minimaus, an D’Geschicht vum klenge Fuuss, deen e Buch wollt schreiwen (nach net publizéiert).\nD’Dany Gales huet hir Geschichten op e puer Sproochen iwwersat an op verschiddene Büne viru klengem a groussem Publikum opgefouert, als Figurentheater, Masken- oder Schiettheater. Si gouf dobäi musikalesch begleet vun enger Rei Musiker wéi dem Georges Urwald, Marc Demuth, Anne Ka􀅌an, Franck Hemmerlé, Carmen Würth,….\nEt liesen:\nD’Brigitte Urhausen, lëtzebuergesch Theater- a Filmschauspillerin, ausgebilt op der « Staatlichen Hochschule für Musik und darstellende Kunst ». Si ass 2023 mam Lëtzebuerger Theaterpräis fir hir Roll als Emilie Blum aus Madame Köpenick  ausgezeechent ginn.\nBekannt ass si engem gréissere Publikum virun allem duerch hir Roll am Kinosfilm Doudege Wénkel, aus der Serie Capitani oder och als Hauptkommissarin Esther Baumann am saarlänneschen Tatort.\nDe Jean-Paul Maes, lëtzebuergesche Schauspiller, op der « Hochschule für Musik und darstellende Kunst » zu Graz an Éisträich ausgebilt, duerno etlech Engagementer an éisträicheschen an däitschen Theateren.\nVun 1988 un als fräie Schauspiller, Regisseur an Auteur zu Lëtzebuerg (Biwer), huet an iwwer 100 Theaterproduktiounen an etleche Filmer gespillt, ëm déi 50 Stécker inzenéiert an der iwwer 20 geschriwwen, déi zu Lëtzebuerg an am Ausland opgefouert ginn.\nMusek:\nDe Michel Scholer, ausgebilt an der Maacher Musekschoul, ass akustesche Gittarist, Songwriter a Sänger am Chouer Voices International.\n
URL:https://biwer.lu/events/kultur-am-gaart/
LOCATION:6, Kiirchestrooss L-6834 Biwer
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:https://biwer.lu/wp-content/uploads/2025/06/Kultur-am-Gaart-1.jpg
END:VEVENT
END:VCALENDAR
