Virtrag zum Thema « Flouernimm »

Flouernimm als lokaalt Kulturierwen.
Wat se eis iwwert d’Sprooch an d’Geschicht zuLëtzebuerg soe kënnen.

Zesumme mam Schäfferot, invitéiert d’Kommissioun fir Kultur a Geschicht Iech op e Virtrag vum Sam Mersch vum ZLS (Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch) iwwer d’Flouernimm an der Biwer Gemeng, den 29. Abrëll 2026, um 19 Auer am Festsall an der Gemeng.

Flouernimm sinn e lokaalt Kulturierwen, well se ëmmer un d’Plaz gebonne sinn, déi se benennen. Doduerch si se och en Archiv fir d’Sprooch an d’Geschicht vun enger Plaz. Se kënnen eis net nëmmen eppes doriwwer soen, wéi d’Sprooch zum Deel benotzt
ginn ass, mee se kënnen och en Abléck ginn an den Alldag vu vergaangenen Zäiten.

Am Joer 2019 sinn d’Lëtzebuerger Haus- a Flouernimm als immateriellt Kulturierwen zu Lëtzebuerg unerkannt an op déi national Lëscht vum Unesco-Inventar opgeholl ginn. An dësem Virtrag gëtt gewisen, wat Flouernimm iwwert d’Geschicht vum Land a speziell och vun der Biwer Gemeng aussoen.

Date

29 avril 2026

Heure

19:00

Lieu

Festsall - Gemeng
6, Kiirchestrooss L-6834 Biwer

Organisateur

Kommissioun fir Geschicht a Kultur
QR Code
Aller au contenu principal