Aktioun „Gielt Band“: Hei ass plécken erlaabt.

Ze gutt fir futti goen ze loossen. Dofir: Zerwéiert Iech!

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a laanscht d’Landstroossen. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

D’Gemeng Biwer engagéiert sech géint d’Liewensmëttelverschwendung a mécht déi bei der Aktioun mat an huet déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band markéiert. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

 

Hei fannt Dir d’Plaze wou Dir kënnt plécken:

bei der Schwämm: Äppelbeem
beim Fussballterrain 1: Äppel-, Mirabellen-, Zwetschgen- Praume-, Kiischten- a Bierebeem
bei der Crèche: Quitte-, Bieren-, Äppel a Kiischtebeem
bei der Wecker Spillplaz: Äppel-, Kiischten-, Bieren-, a Mirabellebeem

Antigaspi
Halt Iech beim Plécke wgl. un déi heite Reegelen:
  • Nëmme Friichte vun engem Bam dee mat engem giele Band markéiert ass, däerfe gepléckt ginn.
  • Et ass verbueden, op de Bam ze klammen oder eng Leeder ze benotzen.
  • De Bam däerf net beschiedegt ginn.
  • D’Friichte si fir de private Gebrauch geduecht.
  • Huelt nëmme souvill Friichte mat, wéi Dir braucht.
  • Hannerloosst d’Natur sou, wéi der se fonnt hutt.
  • Blockéiert keng Zoufaarten.
  • D’Plécke fält ënnert Är eege Responsabilitéit.

Dir géift gären un der Aktioun deelhuelen, mee Är Uebstbeem stinn hannert dem Haus oder Äre Bongert läit ofgeleeën? Da bestellt Iech ee Schëld „Hei dierft Dir plécken!“ per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu. Domat kënnt Dir de Leit de Wee weisen, wou se d’Uebst kënne rafen.

Service Technique

Service Technique

71 00 08 -51

technique@biwer.lu

7 + 5 =

Dernière modification le 16.09.2025
Aller au contenu principal