
Kultur am Gaart
De Josy Braun (1938-2012) war e bekannte lëtzebuergeschen Auteur a Journalist.
Opgewuess ass hien zu Wecker a Biwer, seng Kandheetserënnerungen huet hie méifach a sengem literaresche Wierk verschafft. Hien huet virun allem op Lëtzebuergesch geschriwwen a war a ville Genren doheem. Nieft senger Prosa a Lyrik huet hien och Theaterstécker a Cabaret geschriwwen. Seng Wierker zeechnen sech dacks duerch eng gesellschaftskritesch Perspektiv aus an thematiséieren d’Géigesätz vu Stad a Land, déi hie selwer esou staark erlieft huet.
Kultur am Gaart wëll Iech selektionéiert Wierker vum Josy Braun méi no bréngen an him eng méi grouss Plaz am kulturelle Gediechtnes vun eiser Gemeng sécheren.
Fir Kanner:
D’Dany Gales, Auteurin an Illustratorin vu Kannerbicher wéi De klenge Villchen an dat déckt Hong (Kannerbuchpräis 2004), Blaukatz und Goldfisch, Bullkirull, Kolja a Galina, wa Kuebe reesen, Minimaus, an D’Geschicht vum klenge Fuuss, deen e Buch wollt schreiwen (nach net publizéiert).
D’Dany Gales huet hir Geschichten op e puer Sproochen iwwersat an op verschiddene Büne viru klengem a groussem Publikum opgefouert, als Figurentheater, Masken- oder Schiettheater. Si gouf dobäi musikalesch begleet vun enger Rei Musiker wéi dem Georges Urwald, Marc Demuth, Anne Kaan, Franck Hemmerlé, Carmen Würth,….
Et liesen:
D’Brigitte Urhausen, lëtzebuergesch Theater- a Filmschauspillerin, ausgebilt op der « Staatlichen Hochschule für Musik und darstellende Kunst ». Si ass 2023 mam Lëtzebuerger Theaterpräis fir hir Roll als Emilie Blum aus Madame Köpenick ausgezeechent ginn.
Bekannt ass si engem gréissere Publikum virun allem duerch hir Roll am Kinosfilm Doudege Wénkel, aus der Serie Capitani oder och als Hauptkommissarin Esther Baumann am saarlänneschen Tatort.
De Jean-Paul Maes, lëtzebuergesche Schauspiller, op der « Hochschule für Musik und darstellende Kunst » zu Graz an Éisträich ausgebilt, duerno etlech Engagementer an éisträicheschen an däitschen Theateren.
Vun 1988 un als fräie Schauspiller, Regisseur an Auteur zu Lëtzebuerg (Biwer), huet an iwwer 100 Theaterproduktiounen an etleche Filmer gespillt, ëm déi 50 Stécker inzenéiert an der iwwer 20 geschriwwen, déi zu Lëtzebuerg an am Ausland opgefouert ginn.
Musek:
De Michel Scholer, ausgebilt an der Maacher Musekschoul, ass akustesche Gittarist, Songwriter a Sänger am Chouer Voices International.

